Zukunft. Zesummenhalt. Gutt Liewen.

Pressebriefing

19. Juni 2018

Dofir maache mir gréng Politik an de Gemengen, an der Regierung an an Europa. Fir e liewenswäert Land, an deem den Erfolleg vun de Kanner net vum Portmonni vun den Elteren ofhänkt. Fir eng nohalteg an innovativ gréng Ekonomie, déi op eise Stäerktenopbaut asécherAarbechtsplaze schaaft. Fir eng oppe Gesellschaft, an där mir zesummen- an net laanschtenee liewen.

An dat Ganzt maache mir, well mer eist Land gär hunn. Léift verbënnt, Nationalismus trennt eis. Dëst Land gär hunn, dat ka jiddereen, deen hei schafft a wunnt. Net just déi, déi lëtzebuergesch schwätzen oder Lëtzebuerger sinn. Mir lueden all déi Mënschen an, mateneen d’Land ze gestalten an d’Weeche fir d’Lëtzebuerg vu muer ze leeën.

déi gréng hunn an de leschte 5 Joer munches erreecht a mir sinn houfreg drop. Mir wäerten eise Bilan an eise grénge Politikstil an den nächste Méint offensiv verdeedegen, a mir schaffe weider drun, datt gréng dëst Joer vun de Biergerinnen a Bierger gestäerkt gëtt.

20180617-dg-PK-Claim-pressebriefing

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don