Presentatioun vu de Kandidaten a Kandidatinnen

E puer Zuelen

Global ënnert de Kandidat(inn)en perfekt Paritéit: 30 Fraen an 30 Männer

Altersmoyenne vun de Kandidat(inn)en: 46 Joer

Jonker (-35 ans): 17 Kandidat(inn)en

Déi jéngst Kandidatin huet 19 Joer: Claire Remmy (Zentrum)

Éischt Kéier op enger nationaler Lëscht: 29 Kandidat(inn)en

E puer Wieder

D’Presentatioun vun de Kandidaten aus de 4 Wahlbezierker gouf de Méinden 2. Juli ofgehalen. Mat der klengster Lëscht ugefaangen, huet de Christian Kmiotek d‘ Spëtzekandidate Carole Dieschbourg an Henri Kox virgestallt, déi dann hier Lëscht presentéiert hunn. Dës Lëscht besteet aus 3 Fraen a 4 Männer mat engem Altersduerchschnëtt vu 44,5 Joer. Dunn war et um Norden, mat de Spëtzekandidate Stephanie Empain a Claude Turmes, hier Lëscht besteet aus 5 Fraen a 4 Männer mat engem Altersduerchschnëtt vu 45 Joer. Weider gemaach gouf dunn mat der Lëscht aus dem Zentrum mat de Spëtzekandidate François Bausch a Sam Tanson. Hier Lëscht besteet aus 10 Fraen an 11 Männer mat engem Altersduerchschnëtt vu 47 Joer. Déi lescht Lëscht déi virgestallt gouf war déi aus dem Süde mat de Spëtzekandidate Felix Braz a Josée Lorsché. Hier Lëscht huet 12 Fraen an 11 Männer mat engem Altersduerchschnëtt vu 46 Joer. Ofgeschloss gouf dat ganzt mat Gruppefotoen an dono ass den Owend ausklénge gelooss ginn.

Eis Kandidat(Inn)en

Pressedossier

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don