Wahlkampfofkommes fir d’Chamberswahlen 2018

Allgemeng

30. Juli 2018

Den 19ten Juli huet eise Parteipresident zesumme mat 4 aneren d’Wahlkampfofkommes fir d’Chamberswahlen 2018 ënnerschriwwen. Hei engagéieren d’Parteien sech fräiwëlleg fir e faire Wahlkampf, um Terrain, wéi och um Internet an op soziale Medien. Ausserdeem gouf d’Zuel vun de groussflächege Plakater festgeschriwwen op maximal 140 Stéck an et gi just nach 2 Gadgete pro Partei gemaach (1 Bic an 1 frei). Als gréng si mer virun allem frou driwwer datt d’Parteie vun elo un aus ekologesche Grënn op Loftballone verzichten. Am grousse Ganzen ass dësen Accord en gudde Schratt an déi richteg Richtung.

 

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don