Kärthemen

déi eis wichteg sinn

Déiereschutz

Konsequenten Déiereschutz



Ëm wat geet et

Wéi mir och, sinn Déieren Liewewiesen, déi Gléck an Zefriddenheet, awer och Angscht a Péng spieren kënnen. Dofir maache mir eis staark souwuel fir e würdegen an aartgerechten Ëmgang mat Haus- an Notzdéieren, wéi och fir de Schutz vun de wëllen Déieren an hire Liewensraim.

Wou si mer drun

Mat deem neien Déiereschutzgesetz ass e grousse Fortschrëtt realiséiert ginn. Am neie Gesetz schwätze mir den Déieren endlech eng Dignitéit zou a verankeren, datt si Liewewiese mat Gefiller sinn, déi Péng empfanne kënnen. Gläichzäiteg huet den Ëmweltministère mat deem neien Naturschutzgesetz d’Viraussetzung geschaf, fir ënnert anerem bedreeten Déieren an hir natierlech Liewensraim ze schützen.

Wat bleift ze maachen

Dat neit Déiereschutzgesetz ass an eisen Aen ee wichtegen Ufank an ee grousse Fortschrëtt am Verglach mat deem ale Gesetz vun 1983. Elo muss awer engersäits séchergestallt ginn, datt d’Gesetz zesumme mat de Leit um Terrain konsequent ëmgesat gëtt. Anersäits muss d’Gesetz nach weider ausgebaut ginn, a mat Bléck op eist Konsumverhalen muss och weider sensibiliséiert ginn. Mä och am Beräich vun de wëllen Déiere besteet weider groussen Handlungsbedarf, fir d’Déieren an hier Liewensraim ze erhalen a speziell och dem Risiko vum Insekten- a Vullestierwen entgéint ze wierken.

Eist Verspriechen
  • Qualzuchten an Déiere-Mutilatioun aus wirtschaftlechen oder ästhetesche Grënn konsequent verbidden.
  • Déierentransporter op ee Minimum reduzéieren a méi streng Kontrolle bei internationalen Transporter aféieren.
  • Mat Bléck op d‘Konsumverhale sensibiliséieren: wéi een Impakt huet eise Konsum op d’Wuel vum Déier?
  • A wa scho muss geschluecht ginn, dann d’Déiereleed esou kleng wéi méiglech halen, a mobil Schluechthaiser aféieren, fir den Transportstress ze vermeiden.
  • Eng staark Reduktioun vun de Pestiziden an e komplette Verbuet vu bestëmmten héichgëftege Substanzen ewéi Glyphosat an den Neonikotinoiden, dat am Kader vun engem bessere Schutz vun de Liewensraim.
  • D’Biolandwirtschaft fërdere mam Zil vun 100% Bio. Dat ass gutt fir eis Natur, eis Déieren a souguer fir de Klima.

All d'Kärthemen

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don