Kärthemen

déi eis wichteg sinn

Ëmwelt

D'Natur, eis Prioritéit



Ëm wat geet et

Eis Bëscher an eis Flëss, eis Landschaften an eis Déierewelt ginn et just eemol. Dofir loosst eis se erhalen, fir datt och eis Kanner an Enkelkanner se nach erliewe kënnen. D‘Natur ass eis Liewensgrondlag a bei eis steet se un éischter Stell.

Wou si mer drun

Klima-, Ëmwelt- a Waasserschutz : Iwwert déi lescht 5 Joer konnte mer vill erreechen. Mam gréngen Ëmweltministère huet eis Natur eng staark Stëmm kritt. Ënnertanerem goufen nei Natur,- Waasser- a Buedemschutzgesetzer ëmgesat, respektiv ausgeschafft. Et goufen eng sëllech Natur- a Waasserschutzzonen erschloss, Lëtzebuerg huet eng entscheedend Roll beim Klimaofkommes vu Paräis gespillt, a villes méi.

Wat bleift ze maachen

Mir sinn de Garant dofir, dass Ëmwelt- a Klimapolitik och weiderhin eng Prioritéit bleift. Nieft dem Klimawandel stellt aktuell d’Aartestierwen déi gréisst Bedreeung fir eisen Ekosystem duer. Virun allem den Asaz vu Pestiziden féiert zum Insektestierwen an domat och zum Vullestierwen an deem allgemengen dramatesche Réckgang vun der Biodiversitéit.

Loft, Waasser a Buedem si staarke Belaaschtungen ausgesat. Hir Qualitéit leid ënnert de Verkéiers- an Industrieofgasen ewéi och ënnert de Niewewierkunge vun enger ze intensiver Landwirtschaft.

D’Zersiidlung vun eiser Landschaft zerstéckelt an zerstéiert déi natierlech Liewensraim vu Planzen an Déieren a setzt d’Ëmwelt domat zousätzlech ënner Drock. Aus all deene Grënn wëllen a musse mir weiderkämpfen.

Eist Verspriechen

Eise Standpunkt ass kloer: Eng intakt Natur, frësch Loft, e gesonde Buedem a proppert Waasser, dat ass eis Liewensgrondlag, a gläichzäiteg och d’Viraussetzung fir eis Liewensqualitéit. Dofir wëlle mir an der Ëmweltpolitik genee do weider maachen, wou mer elo ukomm sinn. Ënnert anerem wäerte mir:

  • D’Ëmweltverwaltung stäerken, fir datt se besser géint Verstéiss géint d’Naturschutzgesetz virgoe kann.
  • Dat neit Buedemschutzgesetz ëmsetzen.
  • D’Kapassitéite vun der Waasserklärung massiv ausbauen.
  • Däitlech méi héich Standarde fir Loftqualitéit aféieren.
  • Konsequent géint Plastikoffall virgoen.
  • Fir eng Landwirtschaft ouni Pestiziden kämpfen.

All d'Kärthemen

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don