Doheem ass, wou ee glécklech ass, sou heescht et. An dofir wëlle mir, datt eis Kanner sech iwwerall doheem spieren, datt se gutt Zäit mat der Famill genéissen an och eng gutt Zäit auswäerts erliewe kënnen, an der Schoul, an der Crèche oder am Veräin. Eng gutt Kannerzäit ass eis Prioritéit.
Mat der neier Reform vum Congé parental gëtt garantéiert, dass Familljen och wärend dem Congé parental hire Liewensstandard duerch en adaptéierte Revenu erhale kënnen. Dobäi kënnt d’Flexibiliséierung vun de Congésperioden, déi dofir gesuergt huet, datt d’Elteren d’Zäit mam Nowuess méi einfach gestalte kënnen. D’Resultat ass, dass am Joer 2017 89% méi Leit vum Congé parental profitéiert hunn wéi am Joer virdrun. Haaptsächlech bei de Männer war d’Reform e groussen Erfolleg. Dës weideren ass och de Congé de paternité verlängert ginn, fir dass och d’Pappen no der Gebuert méi laang Zäit hunn sech ëm de Nowuess ze këmmeren.
Mä et bleift nach vill ze dinn: Frae sinn dacks enger duebeler Belaaschtung ausgesat, well si gläichzäiteg schaffen a sech ëm Kanner a Famill këmmere mussen. Anersäits kréien d’Männer dacks net genuch Zäit fir d’Famill, a riskéieren d’Opwuesse vun hire Kanner ze verpassen. Esou entstinn onglécklech Liewenssituatiounen, souwuel fir d’Eltere wéi och fir d’Kanner. Domat musse mer briechen. Mir wäerten dofir suergen, datt d’Eltere méi Flexibilitéit am Beruff kréien, de congé parental weider ausgebaut, a gläichzäiteg och d’Qualitéit an de Betreiungsstrukture weider verbessert gëtt. Esou kréie mer méi Kannerzäit a méi Chancëgläichheet fir Papp a Mamm.