Kärthemen

déi eis wichteg sinn

Gesond Iessen

100% Bio - Made in Luxembourg



Ëm wat geet et

Biologesch, ëmweltschounend a fair schmaacht et net just besser, mä et ass och méi gesond fir eis a fir de Planéit. E liewege Buedem, frësch Loft a proppert Waasser sinn d’Viraussetzunge fir gutt Liewensmëttel, a fir eis eng Prioritéit.

Wou si mer drun

Mam nationale Pestizideplang ass eng éischt Etapp fir e pestizidfräit Lëtzebuerg ëmgesat ginn. Wat d‘Industrie ugeet, hu mer mam Impaktstudiegesetz en Instrument geschaf, dat bei der Usiidlung vun neie Betriber och de potentiellen Impakt op d’Ëmwelt an d’Liewensqualitéit iwwerpréift. An elo geet et weider.

Wat bleift ze maachen

Fir net den Aascht ofzeseeën, op deem mer sëtzen, musse mer d’Belaaschtung vun eisem natierlechen Ëmfeld däitlech reduzéieren. Mer brauchen net just propper Loft fir ze ootmen, ma och Waasser an e Buedem, fir gesond Liewensmëttel unzebauen. Nieft enger Reduktioun vun Ofgasen duerch Traffik an Industrie muss och eis Landwirtschaft weidergeduecht ginn: Monokulturen, Iwwerdüngung an den Asaz vu Pestiziden an Antibiotike sinn eng Gefor fir Gesondheet an Ëmwelt. D’Alternativ ass kloer: 100% Bio heescht 0% Pestiziden, 100% Bio heescht och e fairt a séchert Akommes fir d’Landwirtschaft. E wichtegt Standbeen vun eiser Gesellschaft.

Eist Verspriechen
  • Mir wäerten eis Landwirtschaft laangfristeg op 100% Bio ëmstellen, d’Baueren dobäi besser ënnerstëtzen, an hinnen esou nei Perspektive ginn. Mir wäerten Initiativen ewéi Gemeinschaftsgäert, Urban Gardening a kooperativ Biolandwirtschaft besser ënnerstëtzen an administrativ Hindernisser fir Start-ups am Beräich Bio an Ëmwelt ofbauen.
  • Mir wäerten e Verbraucherschutzministère aféieren, dee fir méi effizient Liewensmëttelkontrolle suergt, an eis staark maache fir e méi kloren Etiquetage op de Liewensmëttel.
  • Duerch den Ausbau vum ëffentlechen Transport an enger méi nohalteger Ekonomie wäerte mer ëmweltschiedlech Emissioune weider reduzéieren.

All d'Kärthemen

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don