Kärthemen

déi eis wichteg sinn

Klima

Et gëtt kee Planéit B



Ëm wat geet et

De Klimawandel ass eng vun de gréissten Erausfuerderunge vum 21. Joerhonnert. Den zousätzlechen Ausstouss un Zäregase wéi z.B. CO2 duerch mënschlech Aktivitéite verännert d‘Klima vun eisem Planéit, a féiert zu méi Wiederextremer wéi Hëtzt- an Drëcheperioden, Iwwerschwemmungen, Stierm, asw.

Wou si mer drun

D‘wëssenschaftlech Fakte si kloer, an zanter Enn 2016 gëtt et mam Akraafttriede vum Paräisser Klimaaccord och politesch e globale Konsens. D‘Ziel ass d‘Erderwäermung op 1,5°C ze begrenzen an esou déi schlëmmst Konsequenze fir Mënsch an Natur ze verhënneren. Mir mussen dofir d‘Klimagas-Emissiounen an alle Beräicher (Energie, Mobilitéit, Industrie & Handel, Konsum, Landwirtschaft, …) esou séier wéi méiglech reduzéieren. Eis Generatioun huet nach eng reell Chance de Klimawandel ze bremsen. Wat mer méi laang waarden, wat ëmmer méi Schued wäert entstoen, a wat et ëmmer méi schwéier a méi deier wäert ginn.

Och Lëtzebuerg muss Verantwortung droen. Mir mussen heiheem eis Klima-Hausaufgabe maachen an och d‘Chancen notzen, déi dës Ëmstellung mat sech bréngt.

Wann ee bedenkt, wou mer hierkommen, dann ass iwwert déi lescht Joer hei am Land vill geschitt: Op Gemengenniveau konnt de Klimapakt – wou d‘Gemengen kloer Kritären, Reegelen, Berodung a Sue vum

Staat kréie fir Klimaschutz ze maachen – vill beweegen. Mir hunn déi national Energieproduktioun aus Wand- a Solarkraaft systematesch ausgebaut (Wand verdräifacht, Solar verduebelt). Iwwer 1,5 Mrd. Euro goufen an den Ausbau vum ëffentlechen Transport a speziell an d‘Schinn investéiert, 20 Mio. Euro an nei Vëlosinfrastrukturen, Zuel vun den Elektro- a Plugin-Hybrid Autoe huet sech bal vervéierfacht, an d‘lëtzebuerger Zäregasemissiounen goufen däitlech reduzéiert. An och op internationalem Niveau hu sech d‘Carole Dieschbourg, de verstuerwene Camille Gira an de Claude Turmes fir ambitiéis Energie – a Klimaschutzziler agesat.

Mat der grénger Regierungsbedeelegung gouf an de läschte 5 Joer villes un d‘Rulle bruecht. Dës Dynamik muss elo weider goen, well d‘Aarbecht huet eréischt ugefaangen.

Wat bleift ze maachen

Klimaschutz ass eng Noutwennegkeet, a gläichzäiteg och eng Chance. Klimaschutz- a Upassungsmoossname sécheren eise Wuelstand, schafen nei Aarbechtsplazen a maachen eis Welt méi gerecht, well déi Äermste leiden elo schonn am meeschten ënnert de Konsequenze.

Den Ëmbau vun eisem Energiesystem op propper, sécher an erneierbar Energiequellen, Energiespueren, Elektromobilitéit, nohalteg Ressourcennotzung, Kreeslafwirtschaft an Digitaliséierung sinn zentral Elementer fir d‘Kéier ze kréien. Mee dat geet nach net duer. Weider wichteg Chantieren sinn d‘Erausklammen aus dem Tanktourismus an de „Fossil Divestment“: méi Investitiounen a staatlech Subsiden fird‘erneierbarEnergien, a keng méi fir Kuel, Ueleg a Gas!

Lëtzebuerg brauch eng ëmfaassend Klimapolitik mat kloren Ziler an alle betraffene Beräicher ewéi Mobilitéit, Energie, Ekonomie, asw. D‘Leit si prett, an d‘Politik muss liwweren, hëllefen a kontrolléieren.

Eist Verspriechen
  • Mir wäerten e konsequent Klimaschutzgesetz ëmsetzen an de Klimapakt mat de Gemenge weider ausbauen.
  • Iwwert e Klimapakt fir d’Industrie an d’Handwierk wëlle mer d’Ekonomie responsabiliséieren awer och dofir suergen, datt den Uschloss net verpasst gëtt.
  • Den ëffentlechen Transport gëtt weider ausbaut a verbessert, an eis Ofhängegkeet vum Tanktourismus reduzéiert.
  • Mir wäerten den Undeel un erneierbaren Energië mam Zil vun 100% erhéijen, an doriwwer eraus och d’Eegeproduktioun ënnerstëtzen a vereinfachen.
  • Klima- an ëmweltschiedlech Subventiounen am Staatsbudget gi schrëttweis ofgebaut.
  • Mir wäerten d‘Aalbausanéierung mat nohaltege Materialie méi staark virun dreiwen a subventionéieren.

All d'Kärthemen

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don