Kärthemen

déi eis wichteg sinn

Plastik

Manner Plastik. Méi Liewen



Ëm wat geet et

Wa mer sou weider maachen, hu mer am Joer 2050 méi Plastik ewéi Fësch an de Mierer. Pro Joer gi ronn 300 Milliounen Tonne Plastik produzéiert. De gréissten Deel dovu lant dono an der Natur, wou en deels méi wéi 400 Joer brauch fir sech ze zersetzen. Et gëtt Haut scho Plazen op der Welt déi wuertwiertlech am Plastiksknascht ënner ginn.

Wou si mer drun

D’Sensibiliséierung iwwert déi lescht Joren huet an Deeler vun der Gesellschaft zu engem Ëmdenke gefouert. Ëmmer méi Geschäfter an Initiative setze mëttlerweil op Alternativen zum Einwegplastik an och ëmmer méi Leit probéieren, hire Plastikkonsum ze reduzéieren. Nieft der Sensibiliséierung hu mir awer och eng Rei politesch Mesuren ëmgesat: z.B sinn ab dem 31.12.2018 gratis Plastikstuten an de Geschäfter verbueden.

Wat bleift ze maachen

Fir d’Kéier ze kréie brauche mer awer en allgemenge Mentalitéitswiessel. Am Duerchschnëtt produzéiert nämlech all Lëtzebuerger am Joer eleng 52 kg Verpakungsoffall aus Plastik. An een Deel dovu lant fréier oder spéider am Mier, wou e geschat pro Joer eleng eng Millioun Mieresvullen ëmbréngt. Zousätzlech gëtt eis Ëmwelt, an iwwert d’Nahrungsketten och eis Gesondheet, ëmmer méi vum sou genannte Mikroplastik belaascht, deen duerch d’Ofnotzen an d‘Zersetzung vum Konschtstoff entsteet, awer och direkt a villen Hygiène- a Kosmetikproduite virkënnt.

Et gëtt just een Auswee: mir musse fortkomme vun der Wechwerfgesellschaft an zréckkommen zur Kreeslafgesellschaft. Mir mussen ëmstellen, ënnert anerem op ressourcëschounend Produktiounsmethoden, op méi laanglieweg Produiten, an ee wäitreechende Verzicht op Plastiksverpackungen an aneren Einwegplastik.

Eist Verspriechen
  • De Grondsatz „Reduce, Reuse, Recycle“ ëmsetzen anlaangfristeg eng „Zero Waste“ Gesellschaft ustriewen.
  • An ëffentlechen Ariichtunge „mam gudde Beispill virgoen“ an den Einwegplastik duerch nohalteg Alternativen ersetzen.
  • Einwegplastik a Microplastik op EU-Niveau verbidden, well et mécht kee Sënn esou ee laangliewegt Material fir kuerzlieweg Wechwerfproduiten ze benotzen.
  • Méi konsequent géint „Littering“ (Knascht z.B. laanscht d’Stroossen an am Bësch) virgoen.
  • D’Kreeslafwirtschaft generell fërderen, a speziell och Initiativë fir eng Verpackungs- a plastiksfräi Gesellschaft.
  • Doriwwer eraus ass et awer och extrem wichteg, datt all Eenzelne vu sech aus probéiert, säi Bäitrag ze leeschten.

All d'Kärthemen

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don