Kärthemen

déi eis wichteg sinn

Wuesstum

Lëtzebuerg weider denken



Ëm wat geet et

De Fouss vum Gas huelen an zesummenhalen, wat riskéiert auserneen ze fueren. Op eise Stäerkten opbauen. Eist Land esou plangen, datt mer all gutt liewe kënnen, ouni dobäi eis Ëmwelt ze zerstéieren. Eise Kanner e Land hannerloossen, wou se déi selwecht Chancen hunn an hiert eegent Liewen opbaue kënnen. Do wëlle mer hin, an dat alles geet net mat blannem Wuesstem, mä andeems mer eist Land geziilt weider entwéckelen.

Wou si mer drun

Eng Wonnerléisung vun haut op muer gëtt et leider net. Dofir versprieche mer och keng. Fir de Problem mëttelfristeg an de Grëff ze kréien, brauche mer Lëtzebuerg awer net nei ze erfannen, mer kënnen op eise Stäerkten opbauen. Mir brauche just de Courage, fir d’Weeche richteg ze stellen.

An de leschte 5 Joer hunn déi gréng scho munches erreecht, mee d’Aarbecht huet eréischt ugefaangen. Et bleift nach vill ze dinn! Eisen 120-säitege grénge Wahlprogramm bitt dofir eng duerchduechte Palette un Iddien a Léisunge fir eist Land méi nohalteg weider ze entwéckelen.

Wat bleift ze maachen

Fir eis Gréng ass d‘Politik méi wéi just e Reparaturbetrib fir d’Konsequenze vun eisem Entwécklungsmodell. Mir wäerten d‘Entwécklung vun eisem Land besser steieren an op eng nohalteg Basis setzen. Zum Beispill bei de Firmen dierfe mer net méi alles huele wat geet, mee just dat wat Sënn mécht fir eist Land a fir eis Gesellschaft.

Mir wëllen de Leit d’Sécherheet ginn, datt et och an Zukunft nach Aarbecht fir se gëtt an och eng sécher Rent. An dat trotz enger Ekonomie, déi sech schnell verännert. Wichteg ass eis och e gudden Encadrement fir déi eeler Leit, e glécklecht Opwuesse fir déi Jonk, an datt den Erfolleg vun de Kanner net vum Portmonni vun den Elteren ofhänkt. Dofir musse mer eis d’Zäit huelen an doran musse mer investéieren.

Entscheedend ass awer, datt dat alles Hand an Hand geet, a mat Récksiicht op eis Natur, op eis Liewensgrondlag. Fir datt d’Loft, d’Waasser an de Buedem propper a gesond bleiwen, fir eis Landschaften an eis Biodiversitéit ze erhalen. An zwar fir jiddereen, fir d’Leit vun Haut an déi vu Muer. A fir e Land wou mer eist Zesummeliewe mateneen organiséieren an net niefteneen.

Eist Verspriechen
  • Haaptelementer si fir eis eng harmonesch Landesplanung an eng wierksam Mobilitéitspolitik. Mir wäerte massiv an den ëffentlechen Transport, a generell an eng douce a récksiichtsvoll Mobilitéit investéieren, déi Jidderengem de fräie Choix léist.
  • Eng wirtschaftlech Entwécklung hin zu enger grénger Kreeslafwirtschaft: Mir wäerten eis Ekonomie diversifizéieren an eng Transitioun hin zur Kreeslafwirtschaft aleeden, déi de Ressourcëveverbrauch an den Impakt op d’Ëmwelt reduzéiert.
  • Mir wäerte propper a sécher Energië wéi Wandkraaft a Solar däitlech ausbauen an d’Fuerschung an dese Beräicher ennerstëtzen.
  • Mir wäerten d‘Land aus der aktueller Wuesstemsspiral befreien, andeems mer  eise Sozialsystem op méi eng nohalteg Basis stellen an e finanziell ofsécheren ouni d’Leeschtungsfähegkeet ze beschneiden. Eng vun eise Pisten ass hei z.B. eng méi gerecht Besteierung vu Kapitalakommes.
  • Mir wäerten d’Aarbechtsrecht un d’digital Welt upassen, fir Mënsch an Aarbechtsbedingungen ze schützen. Dozou gehéiert z.B. méi Flexibilitéit duerch méi Deelzäitaarbecht, flexibel Aarbechtszäiten an Teletravail.

All d'Kärthemen

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don