Do wou mer wunnen, ass de Mëttelpunkt vun eisem Liewen. Hei entstinn déi éischt Frëndschaften, um Wee fir an d’Schoul oder beim Spille virun der Dier. Jiddereen huet d’Recht op en Doheem, an dofir brauche mer bezuelbare Wunnraum an enger lieweger Noperschaft, wou een sech doheem spiert, wou een sech soe kann: jo, hei wëll ech liewen.
Iwwert déi lescht Joer huet en Ëmdenke stattfonnt. Elengstoend Haiser op der grénger Wiss, wäit ewech vun de Frënn, vun de Geschäfter, vum Duerfkär, sinn net dat Gielt vum Ee. Ëmmer méi jonk Leit sichen éischter dat städtescht Liewen, Famillje siche Wunnraum, deen de Kanner e Minimum u Selbststännegkeet erlaabt, a wou se kuerz Weeër hunn, fir bei d’Frënn ze kommen.
D’Reform vun den ëffentleche Wunnengsbaugesellschaften SNHBM a Fonds du Logement, an och déi méi staark Abannung vun de Gemengen an d’Aufgabe vum Wunnengsbau erméiglechen et, nei Wunnquartieren esou ze gestalten, datt méi lieweg Noperschaften entstinn, an net just monoton Reie vu Gebaier.
Mä domat ass d’Iwwerdeierung vun den Immobilien nach net am Grëff. De Maart ass ausser Kontroll geroden, a vill Leit kënnen sech keng adequat Wunneng leeschten. Mir brauche laangfristeg bezuelbare Wunnraum. Dat heescht: Wunnengen, déi an der ëffentlecher Hand bleiwen a net duerch de Kaf a Verkaf iwwert d’Zäit genee sou iwwerdeiert ginn. Dat bedeit, datt d’ëffentlech Hand d’Wunnenge virun allem verloune muss. Doriwwer eraus wëlle mer méi vernetzt an intergenerationellt Wunnen erméiglechen, an d’Bierger encouragéieren, sech a Wunnkooperativen a gemeinsame Projeten z’engagéieren. Dofir brauche mir Pilotprojeten a fir déi néideg Ënnerstëtzung eng national Koordinatioun.