Kärthemen

déi eis wichteg sinn

Ëmwelt

D'Natur, eis Prioritéit

Eis Bëscher an eis Flëss, eis Landschaften an eis Déierewelt ginn et just eemol. Dofir loosst eis se erhalen, fir datt och eis Kanner an Enkelkanner se nach erliewe kënnen. D‘Natur ass eis Liewensgrondlag a bei eis steet se un éischter Stell.

Famill

Et ass Kannerzäit

Doheem ass, wou ee glécklech ass, sou heescht et. An dofir wëlle mir, datt eis Kanner iwwerall doheem sinn, datt se gutt Zäit mat der Famill genéissen an och eng gutt Zäit auswäerts erliewe kënnen, an der Schoul, an der Crèche oder am Veräin. Eng gutt Kannerzäit ass eis Prioritéit.

Gesond Iessen

100% Bio - Made in Luxembourg

Biologesch, ëmweltschounend a fair schmaacht et net just besser, mä et ass och méi gesond fir eis a fir de Planéit. E liewege Buedem, frësch Loft a proppert Waasser sinn d’Viraussetzunge fir gutt Liewensmëttel, a fir eis eng Prioritéit.

Mobilitéit

Bei gréng geet et virun

Eng Stonn méi laang schlofen? En Tour spadséieren oder lafe goen? Mat de Kanner spillen? Wat géife mer mat der gewonnener Zäit maachen, wa mer moies an owes keng Zäit géifen am Stau verléieren?

Wunnen

En Doheem fir jiddereen

Do wou mer wunnen, ass de Mëttelpunkt vun eisem Liewen. Hei entstinn déi éischt Frëndschaften, um Wee fir an d’Schoul oder beim Spille virun der Dier. Jiddereen huet d’Recht op en Doheem, an dofir brauche mer bezuelbare Wunnraum an enger lieweger Noperschaft, wou een sech doheem spiert, wou een sech soe kann: jo, hei wëll ech liewen.

Transitioun

Ech hunn et selwer gemaach

Wisou eppes nei kafen, wat een och flécken, tauschen, deelen oder souguer selwer hierstelle kann? Transitioun ass méi ewéi eng Liewensastellung. Si gëtt eis Liewensqualitéit, andeems mir eis selwer versuerge kënnen, si gëtt eis Zukunft, well mer eis Ressource schounen, a si gëtt eis Zesummenhalt, well mer eis Kreativitéit an eis Potentialer zesummen ausliewe kënnen.

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don