Kärthemen

déi eis wichteg sinn

Klima

Klima First

Mer hu just deen ee Planéit. Dofir ass de Klimaschutz fir eis eng absolut Prioritéit. 

Ëmwelt

Naturschutz ass Mënscheschutz

Proppert Waasser a Loft, Biodiversitéit an intakt Landschafte sinn eis Liewensgrondlag. Dofir wëlle mer eise Kanner e méi gesonde Planéit hannerloossen.

Déieren

Déiereschutz ouni Grenzen

Bei den Europawahle kënne mer eis fir d’Wuel vun den Déieren an der ganzer EU asetzen.

Plastik

Stop Pollution

Plastik ass net just geféierlech fir d’Déieren, mee och schlecht fir eis Gesondheet. Dofir wëlle mir en an Zukunft massiv reduzéieren.

Soziales

Soziale Fortschrëtt an eng oppe Gesellschaft

Mer wëllen eng Gesellschaft fërderen, wou Chancëgläichheet a Selbstbestëmmung evident sinn an d’Mënscherechter agehale ginn.

Solidaritéit

Europa vun den Häerzer

D’Mënsche sollen e gutt a séchert Liewen an Europa hunn. Mer setzen eis dofir an, dass Europa e Friddensprojet bleift.

Liewensmëttel

Méi Transparenz, manner Verschwendung

D’Mënsche wëllen e gutt a séchert Iessen. Et muss méi einfach ginn, sech gesond a nohalteg ze ernären.

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don