Kandidaten & Kandidatinnen

Europawahlen 2019

23 Joer
Bäreldeng / Walfer
Studentin an der Ëmweltphysik (Master en Physique, environnement et procédés)
Gemengeconseillère
Spriecherin vun déi jonk gréng
Member vum Comité exécutif déi gréng

Jessie Thill


Déi grouss Erausfuerderunge vun eiser Zäit wei de Klimawandel oder d’Digitaliséierung kënnen nëmmen duerch eng grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht ugaange ginn. D’Europäesch Unioun ass wuel dat beschte Beispill fir e friddlecht Zesummeschaffe vu Länner zum Wuel vun de Mënschen. Mee duerch Euroskeptiker a Populiste steet den europäesche Projet um Spill. Grad als jonke Mënsch, den an engem grenzelosen Europa opgewuess ass, weess ech, wéi vill d’Europäesch Unioun eis bruecht huet. Dofir wëll ech net nokucken, wei déi beschten Iddi, déi Europa jee hat, zerriet an a Fro gestallt gëtt.

Ech kandidéieren de 26. Mee fir mäin Deel derzou bäizedroen, dass Europa seng schéinste Joren nach viru sech huet.

 

Mäin Europa, en Doheem fir jiddereen.

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don