Kandidaten & Kandidatinnen

Europawahlen 2019

23 Joer
Wilwerdang / Ëlwen
Politikstudentin
Comité déi jonk gréng

Tanja Duprez


Sief et wann een iwwer d’Landesgrenze fiert fir Kollegen ze besichen, am Ausland studéiert oder en Interrail mécht fir nei Kulture kennen ze léieren: iwwerall kann een erkennen dass Europa méi wéi e Friddensprojet ass. Mä an enger Zäit wou Verännerungen ëmmer méi séier kommen, ass et un eiser Generatioun d’Richtung, an déi mer goe wëllen, matzebestëmmen an d’Zukunft vun Europa ze gestalten. Fir dass mir, mee och eis Enkelkanner an enger nohalteger, sozialer an enger weltoppener Gesellschaft liewe kennen.

 

Europäesch denken fir d’Erausfuerderunge vun haut unzegoen – well och de Klimawandel keng Landesgrenze kennt.

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don